Raining in Baltimore

Den Philippe Wampfler huet an engem Tweet en Artikel vun Ars Technica verlinkt, dee weist wéi wichteg et ass, déi Jonk net eleng ze loossen, net am virtuellen a scho guer net am reale Liewen.

Am Artikel gëtt de Fall vun engem 12-järege Meedchen aus Baltimore beschriwwen dat an d'Schoul gaangen an dunn net méi heem komm ass. D'Meedche war vun engem  32 Joer ale Mann deen et online kenne geléiert hat entfouert ginn. Den Täter huet an där Zäit bis d'Police d'Meedche rëmfonnt hat, dëst mat Hëllef vu sengen Daten, déi et ë.a. op Online-Servicer vu Microsoft an Apple hannerlooss huet, zweemol sexuell vum Meedchen abuséiert.

Jee no Berichterstattung riskéieren esou Meldungen bei besuergte Leit d'Angscht virum Internet ze verstäerken an dass probéiert gëtt, de Kanner den Accès op den Internet an d'sozial Medien ze spären. Esou Mesure kéinten allerdengs kontraproduktiv sinn, dofir wier et besser d'Kanner opzeklären an hinnen ze erkläre firwat si sech net op esou Relatiounen aloosse sollen:

Cases like this can feed into a perception in the media and the general public that the Internet is a dark place from which children need to be protected. That attitude can actually make it more difficult to protect children, Finkelhor said.

“It makes people more afraid of the Internet, and it really changes what the prevention implications are,” he said. Rather than trying to prevent problems by banning Internet and social media use outright, “we should be telling kids why they shouldn't get into these relationships.”

D'ICT maachen d'Dier op an eng immens spannend Welt, firwat also net och d’Kanner drun deelhuele loossen, zumools wann d’Erwuessener als Virbiller permanent digital Medien an hirer Géigewaart notzen? Ausserdem kënnt fréier oder spéider den Alter vun de Kanner wou hir Eltere lassloosse mussen, mee genau wéi ee Kanner dann nach net op eege Fauscht an eng Vakanz zéie léisst, hinnen dofir awer erlaabt mat professionellem Begleetpersonal an eng Kolonie ze goen, sou wier et och néideg si beim Iwwergang vun den analogen an déi digital vernetzte Medien ze begleeden.

Ee weidere wichtegen Aspekt fir online net zum Affer ze ginn ass Resilienz. Déi baut een awer net op andeem s een d'Kannerzëmmere sou fréi wéi méiglech mat TV, Computer a Spillkonsol equipéiert an deene Jonken en Zougank zum mobilen Internet erméiglecht, mee andeem s ee mol fir d'éischt dofir suergt, dass sech eng gesond Bindung tëscht de Kanner a Bezuchspersounen am reale Liewen entwéckele kann.

A sou ass et leider net verwonnerlech wann deen am Artikel zitéierten David Finkelhor, Direkter vum Crimes Against Children Research Center op der University of New Hampshire, drop hiweist, dass eng grouss Partie vu Kanner déi Affer gi vun dëser Zort vu Verbrieche keng gutt Relatioun mat hiren Elteren hunn.